Personal tools
You are here: Home Documents Declarations Dublin Declaration in different languages Lëtzebuergesch

Lëtzebuergesch

Declaratioun vun Dublin

 

European Federation of National Institutions for Language (EFNIL)

7. Joreskonferenz, Dublin, 4. - 6. November 2009

Declaratioun vun Dublin iwwert d'Relatioun tëschent offizielle Sproochen a regionalen a Minoritéite-Sproochen an Europa

1. Déi sproochlech Realitéiten an Europa sinn als Resultat vun ënnerschiddlechen historeschen, sozialen a politeschen Hannergrënn an deenen eenzelne Länner ganz verschidden. D'Membere vun der EFNIL sinn als national oder zentral Institutioune vun de Memberstaate vun der Europäescher Unioun dofir do, hir offiziell Standardsprooch(en) duerch Sproochfuerschong, Status- a Korpusplanung, Dokumentatioun a Sproochepolitik ze ënnerstëtzen. Doriwwer eraus hu si eng Responsabilitéit, fir d'Evolutioun vum Sproochegebrauch a vun der sproochlecher Diversitéit an deenen eenzelne Länner genee ze suivéieren.

2. Begrëffer wéi 'Minoritéitesprooch' a 'Regionalsprooch' hunn normalerweis eng ideologesch chargéiert Bedeitong, grad ewéi Begrëffer wéi 'Nationalsprooch', 'offiziell Sprooch' a vill anerer, déi geholl gi fir den Zoustand oder de Status vun enger Sprooch ze charakteriséieren (ë.a. indigène Sprooch, autochthon Sprooch, ethnesch Sprooch, manner gebrauchte Sprooch, co-offiziell Sprooch, Dialekt, net territorial Sprooch, dominant Sprooch). De Gebrauch vun esou engem Eventail vu Begrëffer weist u sech schonns duerops hinn datt d'Relatiounen tëschent de Sproochen ënnerteneen an tëschent enger Sprooch an der Gesellschaft ganz komplex sinn. D'EFNIL ass gewëllt, dozou bäizedroen datt dës Begrëffer méi iwwerluecht gebraucht ginn, an hiren ëmsiichtege Gebrauch an offiziellen Dokumenter an an der Sproochepolitik ze stäipen.

3. D'EFNIL betruecht all Sproochen als kulturell gläichwäerteg, wat evidenterweis och fir Minoritéitesprooche gëlt. D'EFNIL mécht keen Ënnerscheed tëschent autochthone Sproochen, Immigrantesproochen a Minoritéitesproochen, wann et ëm hir Rechter beim Zougank zum Wëssen an zum Léiere vu Sprooche geet. Dofir setzt d'EFNIL sech a fir eng Integratioun vu méiglechst ville Sproochen an d'Léierpläng a fuerdert déi staatlech Autoritéiten nodrécklech op, sech proaktiv mat der Integratioun vu minoritaire Migrantesproochen an d'Programmer vun de Schoulen auserneen ze setzen an iwwerall do, wou dat méiglech ass, Geleeënheete fir den Zougank zu enger Formatioun an dëse Sproochen ze offréieren.

4. Spriechergruppen, déi baussent hirem 'Heemechts-Staat' respektiv hiren 'Heemechts-Staaten' oder ouni en 'Heemechts-Staat' liewen, sollten (beispillsweis duerch bilateral Ofkommes am Fall vu Spriechergruppen mat engem oder méi 'Heemechts-Staat(en)' oder duerch adequat legal Texter am Fall vun anere Gruppen) zougeséchert kréien, datt dat Land, deem seng Bierger si sinn, hir sproochlech Rechter respektéiert an doriwwer eraus och valoriséiert. Eng Approche an dësem Sënn kéint dozou bäidroen fir déi international Relatiounen, d'Echangen an de Commerce ze verbesseren.

5. Vun de Bierger gëtt fir gewéinlech erwaart, datt si eng bestëmmte Sprooch (déi normalerweis als 'national' oder 'offiziell' Sprooch bezeechent gëtt) maîtriséieren. Deen, deen déi respektiv Nationalitéit wëllt kréien, muss seng Kompetenz an dëser Sprooch noweisen. An e puer Länner gëlt dëse Nowäis fir eng vun e puer offizielle Sproochen. Dat sollt ower net heeschen, datt aner autochthon Sproochen als integral Sprooche vum Land an als Deel vu sengem kulturelle Patrimoine net och sollen opgewäert ginn. De rapide Réckgank vun der Zuel vun de Spriecher vu verschiddene vun dëse Sproochen a leschter Zäit gëtt uerg ze denken. D'EFNIL fuerdert déi staatlech Autoritéiten an d'Ëffentlechkeet am Allgemengen op, déi kognitiv, gesellschaftlech an doriwwer eraus och déi politesch an ekonomesch Avantagë vun der Zwee- oder Méisproochegkeet vun alle Membere vun der nationaler Communautéit fir dës Communautéit unzeerkennen.

6. Déi meescht europäesch Länner sinn hautgesdaags charakteriséiert vun enger éischter komplexer sproochlecher Realitéit, déi ower net ëmmer kloer ze erkennen ass, well keng verléisslech a rezent statistesch Donnéeën doriwwer virleien. D'EFNIL unerkennt d'Viraussetzunge fir e gesellschaftleche Pluralismus an Europa an d'Noutwennegkeet vun enger sozialer Kohäsioun an engagéiert sech fir d'Promotioun vun enger méisproocheger Citoyennetéit a fir eng Zesummenaarbecht mat aneren europäeschen Organisatiounen fir fiabel Donnéeën an optimal Praktiken an dësem Beräich beieneen ze bréngen a weider ze ginn.

Document Actions