Personal tools
You are here: Home Documents Resolutions Florence resolution Lëtzebuergesch

Lëtzebuergesch

Resolutioun vu Florenz

iwwert

De Sproochegebrauch am universitairen Enseignement an an der universitairer Recherche

A ganz Europa gëtt et hautgesdaags ëmmer méi eng grouss Tendenz, als Sprooch vum universitairen Enseignement a vun der universitairer Recherche Englesch ze benotzen.

Dës Tendenz ass méi staark an den Naturwëssenschafte wéi an den Humanwëssenschaften. D'Tendenz, exklusiv Englesch fir wëssenschaftlech Publikatiounen an als exklusiv Sprooch op internationalen (an och nationale) Konferenzen ze huelen, entwéckelt sech ëmmer méi séier. An esou Situatioune steet fest, datt Fortschrëtter bei der internationaler Kommunikatioun op Käschte vun allen anere Sprooche wéi Englesch ginn.

D'Situatioun ass vergläichbar an de Sozialwëssenschaften an an den Humanwëssenschaften. An net engleschsproochege Länner schéngt de Besoin, un der internationaler wëssenschaftlecher Communautéit deelzehunn, de Gebrauch vun der englescher Sprooch aplaz vun der nationaler Sprooch méiglecherweis néideg ze maachen.

Dës ëmmer méi manifest Haltung stellt e ganz konkrete Risiko duer op sproochlechem, kognitivem a kulturellem Plang. Englesch ass keen neutraalt a polyvalent Kommunikationsmedium. Duerch den dominanten oder souguer exklusive Gebrauch vum Englesche gi wichteg Traditiounen, Konzepter a Methoden ignoréiert oder vergiess, déi an anere Sproochen entwéckelt goufen. Doriwwer eraus kann de Schwéierpunkt vun deenen ënnerschiddlechen Disziplinne problemlos dominéiert gi vu Spriecher aus engleschsproochege Länner, an zwar doduerch, datt si déi Sujeten a Problemer festleeën, déi si fir relevant halen. Dës Entwécklung huet schonns dozou gefouert, datt an anere Länner d'Allocatioun vun enger finanzieller Ënnerstëtzung fir Fuerschungszwecker beaflosst gouf.

  • D'EFNIL als Federatioun vun de wichtegsten Institutioune fir offiziell Sproochen aus e sëllechen europäesche Länner suivéiert mat grousser Suerg déi aktuell Tendenz, Englesch als Sprooch vum universitairen Enseignement an net engleschsproochege Länner ze benotzen. Dës Tendenz, am universitairen Enseignement an an der universitairer Recherche aplaz vun de Standardsprooche vun den eenzelne Länner Englesch ze huele féiert dozou, datt all déi Beräicher, an deenen dës Sproochen normalerweis benotzt ginn, méi a méi limitéiert ginn. Datselwecht gëlt och fir d'Entwécklung vun dëse Sproochen. Domat ower gëtt déi sproochlech Diversitéit vun Europa a Fro gestallt. Dës sproochlech Diversitéit hirersäits ass wesentlech fir déi kulturell Diversitéit an de kulturelle Wuelstand vun eisem Kontinent.
  • D'EFNIL ass duerchaus averstan mam aktuellen Asaz vun der englescher Sprooch als Hëllefssprooch fir d'Kommunikatioun tëscht Wëssenschaftler a Studenten, deene keng aner gemeinsam Sprooch zur Verfügung steet. D'EFNIL warnt allerdéngs virdrun, reduzéiert Varietéite vum Engleschen als déi haaptsächlech benotzten oder souguer ausschliisslech Sprooch vum Enseignement a fir Publikatiounen an anere sproochlechen Environnementer ze gebrauchen, well doduerch déi aner Sproochen entwäert ginn an no an no dofir gesuergt gëtt, datt dës Sproochen ëmmer manner fir de wëssenschaftlechen Diskurs gëeegent sinn. Dobäi muss net speziell ernimmt ginn, datt doduerch den Enseignanten an anerem Léierpersonal grad wéi och de Studenten en zousätzlechen Drock opgelueden an hir perséinlech Kreativitéit behënnert gëtt.
  • D'EFNIL appréciéiert d'Avantagë vum Gebrauch vun der englescher Sprooch als internationale Medium vun der Kommunikatioun, absëns an de sougenannten "haarde" Wëssenschaften, an deene souguer eng vereinfacht Form vum Englesche kann nëtzlech si fir aner international semiotesch Systemer wéi mathematesch Begrëffer, Tabellen, chemesch Formelen a graphesch Zeechnungen z'erklären. Allerdéngs muss de Gebrauch vun anere Sproochen nieft dem Engleschen an dëse Beräicher encouragéiert gi fir datt och dës Sproochen d'Méiglechkeet kréien, hire sophistikéierte wëssenschaftlechen Diskurs weiderzeentwéckelen a wëssenschaftlech Problemer a Resultater dem breede Public a Form vu Publikatioune méi no ze bréngen.
  • Studente sollten hir Mammesprooch benotzen an donieft Sproochen, déi dem Kontext vun hiren Etuden adaptéiert sinn. Et muss net drëms goen, déi englesch Sprooch komplett z'évitéieren, mee si sollten de Gebrauch vun dëser Sprooch nëmmen als zweet Méiglechkeet gesi fir d'Pertinenz vun hiren Argumenter a Resultater duerzestellen.
  • D'EFNIL fuerdert dowéinst déi akademesch an déi politesch Autoritéiten an den net anglophone Länner an Europa energesch an nodrécklech op, d'Enseignanten an d'Studenten z'encouragéieren, fir hir Recherchen an Etuden hir jeweileg national Sprooch ze benotzen.
  • Am Intressi vun der sproochlecher a kultureller Diversitéit an Europa fuerdert d'EFNIL donieft d'Enseignanten, d'Studenten an d'Administratioune vun den Universitéiten an den engleschsproochege Länner op, och weiderhin aner europäesch Sproochen ze studéieren an ze gebrauchen. Dat dréit dozou bäi, déi sproochlech Diversitéit vun Europa an déi domat verbonne Wäerter z'erhalen.

(approuvéiert vun der Assemblée générale vun der EFNIL den 28. September 2014 bei der Accademia della Crusca zu Florenz, Italien)

 
Document Actions