Personal tools
You are here: Home Documents Resolutions Riga Resolution Lëtzebuergesch

Lëtzebuergesch

EFNIL Resolutioun vu Riga
iwwert national an europäesch Sproochepolitik
ugeholl op der Assemblée Générale vun der EFNIL den 13. November 2007
1.    D'Diversitéit vun de Sproochen ass eng wesentlech Charakteristik vun der euro­päescher Identitéit a vum kulturelle Patrimoine an Europa. Dës Diversitéit ëm­faasst eng wichteg sozial Dimensioun: si garantéiert all Bierger an all Memberstaat eng gesellschaftlech Participatioun an eng vollwäerteg Citoyennetéit. D'sprooch­lech Diversitéit an Europa an den Opbau vun enger méisproocheger Kompetenz fir d'Bierger an der Unioun misse vun den nationale Regirungen wéi och vun den Institutiounë vun der Europäescher Unioun weider an energesch ënnerstëtzt ginn.
2.    Eng erfollegräich Koordinatioun a Kooperatioun tëscht den eenzelnen nationalen an europäesche Politiken ass nëmmen dann ze realiséieren, wann déi eenzel poli­tesch Décideuren an hir Virstellungë matenee verbonne ginn fir secher ze stellen datt déi eenzel politesch Approchë genuch konvergéieren an datt déi politesch Me­suren effektiv eppes bewierken. D'Fédératioun EFNIL fuerdert dofir d'Regirungë vun de Memberstaaten an d'Institutiounë vun der Europäescher Unioun op, geméiss der Resolutioun vum Europäesche Parlament vum 4. September 2003 [2003/2057 (INI)] e permanente Koordinatiouns-Bureau an e Conseil vun Experten aus de Beräicher Sproochplanung a Sproochfuerschung ze établéieren. D'Fédératioun EFNIL weist drop hin, datt souwuel de Bureau wéi och de Conseil op déi professionnell Kompetenz an Expertise vu bestoende sproochespezifeschen Associatiounë wéi EBLUL, ELC an och EFNIL selwer zeréckgräife kënnen. D'Aarbecht vun dësen Expertegremien sollt vun der Europäescher Unioun ënnerstëtzt ginn. D'Fédéra­tioun EFNIL fuerdert d'Europäesch Kommissioun op, déi legal Basis ze schafen déi fir dës Ënnerstëtzung néideg ass.
3.    Déi politesch Mesuren op nationalem an op europäeschem Plang sollten zilorien­téiert ausgeriicht sinn an op enger grëndlecher Kenntnes vun de sproochleche Reali­téite baséieren. Empiresch Donnéeën iwwert d'Sproochesituatioun an iwwert déi sproochlech Attitudë vun de Spriecher sollte regelméisseg gesammelt ginn, fir datt eng adequat an duergoend Basis fir d'Observatioun vun de sproochpolitesche Me­suren op nationalem an op europäeschem Plang zur Verfügung steet. Mir propo­séieren, eng finanziell an institutionnell Ënnerstëtzung vir ze gesinn fir (a) d'Harmo­niséierung an den Opbau vun nationale sproochespezifeschen Datebanken, a (b) den Opbau vun uniounswäite Strukturë fir d'Observatioun vun de Sproochen am Sënn vun engem Europäesche Sprooche-Moniteur, fir de Beräich Sproochë vergläichbar mat der Envergure a mat den Detailer vun den Europäesche Sozial-Observateuren.
4.    D'Fédératioun EFNIL ass der Opfaassung, datt am Reformvertrag an an anere for­mellen Dokumenter vun der Europäescher Unioun de Respekt vun der kultureller a sproochlecher Diversitéit vun Europa am Sënn vun enger aktiver Ënnerstëtzung vun der kultureller a sproochlecher Diversitéit sollt interpretéiert ginn.

 

Document Actions