Personal tools
You are here: Home Documents Resolutions Budapest Resolution Lëtzebuergesch

Lëtzebuergesch

Resolutioun vu Budapest

iwwert lexikalesch Changementer an engem méisproochegen Europa

 

1. D'European Federation of National Institutions for Language (EFNIL) fuerdert eng europawäit méisproocheg Sproocheninfrastruktur als elementar Viraussetzung fir e wierklech méisproochegt Europa a méisproocheg Bierger.


2. Den Opbau vun enger moderner qualitativ héichwäerteger lexikographescher Infrastruktur aus grëndlech zesummegestallte (parallelen) Korpora, aus eesproochegen, zwee- a méisproochege Lexika a lexikaleschen Datebanken, grad ewéi aus Thesauren, terminologeschen Datebanken, Wuertnetzer a vergläichbare lexikaleschen Instrumenter an Hëllefsmëttelen ass eng elementar Viraussetzung fir datt d'Bierger an Europa (friem) Sprooche léieren a gebrauchen, fir Aktivitéite wéi Iwwersetzen an Dolmetschen a fir e méisproochegt Verschaffen vun Texter mat der Hëllef vun technesche Systemer a Maschinnen.


3. Elementar lexikalesch Ressourcen a qualitativ héichwäerteg lexikalesch Sammlunge sollte wéinstens fir all déi offiziell Sprooche vun der Europäescher Unioun existéieren. Si sollten zweesproocheg Instrumenter a Ressourcë fir Sproochekoppelen ëmfaassen, déi vun der kommerziell orientéierter Sproochenindustrie net genuch ofgedeckt sinn.


4. Wéinst der méisproocheger Dimensioun vun der néideger lexikalescher Infrastruktur, déi iwwert de Beräich vun all Sproochgebitt oder Land erausgeet, gëtt erwaart, datt d'Europäesch Unioun beim Opbau vun der Infrastruktur fir déi offiziell Sprooch(en) an all Memberstaat eng aktiv Roll spillt.


5. Dofir fuedert d'European Federation of National Institutions for Language d'Regierunge vun de Memberstaten wéi och d'Europäesch Kommissioun an aner relevant Instanze vun der Europäescher Unioun op:

(a)       d'Elaboratioun an d'Disponibilitéit vun zweesproochegen Dictionnairen a vergläichbaren digitalen Instrumenter an Online-Servicer fir all Sproochekoppel, fir déi an de respektive Sproochgemeinschaften e kloere Besoin do ass, ze promouvéieren, an zwar onofhängeg vu kommerziellen Argumenter a Bezuch op d'Produktioun an d'Commercialisatioun vun dëse Produiten;

(b)   innovativ Technologien a Methoden ze stimuléieren, déi vun neie Weeër profitéieren fir lexikalesch Instrumenter ze entwéckelen, dorënner och d'Méiglechkeeten am Kader vum sougenannte Crowdsourcing, a wichteg Réseaue vun Experten a kooperative Projeten vun de lexikographeschen Instituter vun de Memberstate vun der Europäescher Unioun substantiell ze ënnerstëtzen;

(c)        d'Partnerschaften tëschent ëffentlechen an/oder ëffentlechen a privaten Organisatiounen ze promouvéieren an domat nei Méiglechkeete fir d'Entstoe vun enger kompetitiver Sproochenindustrie an der Europäescher Unioun ze schafen, déi deenen aktuelle Besoien vun de verschiddene Sproochgemeinschaften an der Unioun Rechnung droen;

(d)       dofir ze suergen, datt an alle politesche Moossnahmen vun der Europäescher Unioun a Bezuch op d'Promotioun vu Méi- a Villsproochegkeet wéi och vum Sproochunterrécht infrastrukturell Aspekter ëmfaassend mat abezu ginn.

6. D'EFNIL offréiert hir Expertise, fir de politeschen Décideuren dobäi ze hëllefen, politesch Approchen auszeschaffen an ze begleeden, déi sech mat dëser Erausfuerderung befaassen.

Document Actions