Personal tools
You are here: Home Documents Resolutions Lisbon Resolution Lëtzebuergesch

Lëtzebuergesch

Resolutioun vu Lissabon iwwert de Sproochegebrauch an der Ekonomie an am Handel an Europa

 

European Federation of National Institutions for Language (EFNIL)

Resolutioun vu Lissabon

iwwert de Sproochegebrauch an der Ekonomie an am Handel

an Europa

approuvéiert vun der Assemblée Générale vun der EFNIL de

14. November 2008

 

1.     D' European Federation of National Institutions for Language (Europäesch Federatioun vun den Nationale Sproochen-Instituter - EFNIL) weist drop hin, datt Sproochekompetenz a Kommunikatiounsfähegkeet ëmmer méi zu Schlësselelementer fir den Handel an d'Ekonomie an Europa a weltwäit ginn.

2.   D'EFNIL fuerdert méi eng grouss Zesummenaarbecht tëschent der Europäescher Unioun an hire Memberstaaten bei der Konzeptioun vun enger Politik, déi dëser Erausfuerderung Rechnung dréit. Esou eng Politik sollt ënnert anerem déi elei Aktiounsmomenter enthalen: d'Bedeitung vu Sproochen a vu Sproochkompetenz als Elementer fir de Succès oder den Echec an der Ekonomie méi däitlech erausstellen;

  • d'Entwécklung vun Instrumenter fir den Ëmgank mat an d'Léiere vu Sproochen am ekonomeschen Ëmfeld encouragéieren a finanzéieren;
  • d'Entwécklung vu spezielle Léierprogrammer fir en effiziente Gebrauch vu Sproochen an der Ekonomie encouragéieren a finanzéieren, an dobäi déi manner gebrauchte Sprooche besonnesch favoriséieren;
  • d'wëssenschaftlech Fuerschung ënnerstëtzen, speziell am Kader vun de Facteuren, déi bestëmmen, wéi Sproochen a Sproochkompetenzen zu der Realisatioun vu Plus-valuen bäidroen.

3.   Bei politeschen Aktiounen a Moossnamen sollten déi elei Aspekter adequat beuecht ginn:

  • d'Kompetenzen an der Nationalsprooch als Schlësselelement fir d'Kommunikatioun an der Geschäftswelt (an net nëmmen d'Kompetenzen a Friemsproochen);
  • all europäesch Sproochen als Instrumenter fir eng Lokaliséierung (an net nëmmen déi grouss Sproochen);
  • d'Sprooche vun auslännesche Mäert baussent Europa, woubäi och d'Géigesäitegkeet sollt stimuléiert ginn, d.h. datt d'Ekonomië baussent Europa hirersäits déi europäesch Sprooche grad esou beuechte sollten;
  • d'Sproochekompetenz vu Migranten;
  • secteur- a missiounsspezifesch (Friem-)Sproochekompetenzen als integrale Bestanddeel vun enger berufflecher Aus- a Weiderbildung;
  • (mënschlech an automatiséiert) Iwwersetzungs- an Terminologieaarbecht als onverziichtbar Hëllef fir eng Lokalisatioun an eng Adaptatioun u friem Mäert an hir Konsumenten.

4.   D'EFNIL fuerdert d'Europäesch Kommissioun op, en uniounswäiten Informatiouns- an Dokumentatiounsservice fir Entreprisen grad ewéi fir Administratiounen opzebauen a confirméiert Praktiken ze ënnerstëtzen.

5.   D'EFNIL ass der Opfaassung, datt d'Fro vum Sproochegebrauch an der Ekonomie net nëmmen ënnert dem Aspekt vum fräien Handel sollt considéréiert ginn, mee och aus der Perspektiv vun de Rechter vum Konsument a vum Salarié, woumadder d'Méiglechkeet geschafe gëtt, sozial Considératiounen wéi d'Chancegläichheet, d'Gefor vu sozialer Diskriminatioun vis-à-vis vu Mënsche mat manner Formatioun an eng effizient Informatiounsverbreedung mat anzebezéien. D'EFNIL fuerdert dofir d'Europäesch Unioun op, méi Méiglechkeete fir eng Regulatioun duerch d'Memberstaaten zugonschte vun hirer eegener Sprooch respektiv hiren eegene Sprooche  virzegesinn, fir datt genuch sozial Gläichheet gerantéiert ka ginn.

6.   D'EFNIL offréiert hir Expertise, fir déi politesch Décideuren bei der Entwécklung an Iwwerwaachung vu politesche Moossnamen an dësem Beräich ze ënnerstëtzen a fir sécherzestellen, datt nationalen a regionalen Ëmstänn a Sensibilitéiten adequat Rechnung gedroe gëtt.

Document Actions